Léiwen Ed haut wärs de 70 ginn denken besonnesch un dech❤
#60
Romaine(Mittwoch, 13 März 2024 13:23)
Léiwen Ed
Wéi d'Irène denken och ech haut ganz besonnesch un dech an hoffen dass d'Edith lo och op enger besserer Plaz ass ...vläit jo suguer bei dir an eisen Elteren ...
Är kleng Schwëster❤️
#59
Irene(Mittwoch, 13 März 2024 03:57)
Léiwen Ed haut op déngem Gebuertsdag denken ech besonnesch un dech. Mat grousser Trauregkeet denken ech och un d'Edith, hat huet huet eis bal genau 3 Méint no déngem drëtten Doudesdag fir ëmmer
verloss.
Är Schwëster��
#58
Edith(Donnerstag, 28 Dezember 2023 21:03)
Léiwen Ed dënken oft un dëch an vermessen dech!
#57
Carine Becker(Samstag, 23 Dezember 2023 09:09)
Léiwe Papp, 3 Joër ass et schon hier, dass du net méi bei eis bass. Vermessen dech an denken haut ganz besonnesch un dech! Decke Kuss
#56
Edith(Montag, 13 März 2023 19:37)
Happy birthday Bridderchen hun dëch net vergiess hat main handy gëschter net�
#55
Romaine(Montag, 13 März 2023 12:00)
Happy Birthday , léiwen Ed❤️denken un dech!
#54
Carine(Montag, 13 März 2023 05:02)
Happy Birthday Papp! ♥️♥️
#53
Irène(Montag, 13 März 2023 02:18)
Léiwen Ed, haut op déngem Gebuertsdag denken ech extra un dech�❤�
#52
Harald(Sonntag, 12 März 2023 05:31)
Alles Gute zum Geburtstag Ed
#51
Irene(Freitag, 23 Dezember 2022 11:42)
Léiwen Ed , denken haut op déngem Doudesdag besonnesch un dech, vermëssen dech
#50
Albert Morette(Freitag, 23 Dezember 2022 02:12)
Scon 2 Joer Ed, zaeit vergeet an erennerungen un dech bleiwen sou wei wann et gechter waer.
Denken oft un dech.
�
#49
Carine(Freitag, 23 Dezember 2022 01:33)
Léiwe Papp,
Haut sin et schon 2 Joer dass du op daer aanerer Säit bass…ech denken oft un dech an vermessen dech mee ech wees och, dass du do bass, an op mech oppass, egal waat geschitt. Wahrscheinlech freet et
dech och ze wessen, dass ech elo schon iwwer e Joer de Führerschein hun an ee gudden, klengen Auto. An bestemmt hues de och mattkritt, dass ech nees matt Reiden ugefaang hun an mer en Paerd kaaf hun,
de Colban.
Ech kann mech gudd erenneren, weivill Aarbecht du an de Bopa matt de Paerd haaten wei ech nach kleng war mee du an d’Mam hun mer dee Wonsch awer erfellt. Ech wees nach wei mer Hee maachen gefuer sin
mam aalen Trekker, wei mer Droot ronderem d’Wisen gespaant hun an zesummen de Stall gemescht…ech kann mech och gudd erenneren, weiss de dech iwwert d’Maisy opgereegt hues well et dauernd fortgelaaf
ass an dech eng Keier gerannt haat…Haut, wann ech bei mein Colban fueren, ass daat en Throwback an meng schéin an onbeschweiert Kandheet am idylleschen Giischt. Och wanns du kee Mann vu groussen
Wieder oder emotionalen Ausbrëch wars, wees ech, dass du daat alles aus Léift fir mech gemaach hues an dofir soen ech dir Merci! Mir haaten eng schéin Zäit zesummen als Famill, déi jo leider en
Ooflaafdatum haat, mee wann ech drop zréck kucken, sin ech frou an dankbar, sou en schéint Liewen gefouert ze hun.
Ech vermessen dech an schécken dir ganz vill Léift dohin, wouss de elo bass. Maach et gudd Papp , mir gesin eis!
Dein Meedchen,
Carine
#48
Edith(Donnerstag, 22 Dezember 2022 22:18)
Den 23.12.2022
#47
Edith(Donnerstag, 22 Dezember 2022 22:14)
Léiwen Ed haut virun 2 Joer hues du eis fir ëmmer verloss an mëngem Härz wärds du ëmmer bleiwen.
#46
Sandy(Sonntag, 13 März 2022 14:41)
Alles Guddes Papp �
#45
Irène(Sonntag, 13 März 2022 13:14)
Léiwen Ed haut op déngem Gebuertsdag wënschen ech dir nëmmen dat Bescht , du bass zwar fort awer a mengem Härz bass de do.
#44
Harald(Sonntag, 13 März 2022 08:01)
Alles Gute Ed
#43
Romaine(Sonntag, 13 März 2022 07:29)
Haut denke mir besonnesch un dech, léiwen Ed❤ happy birthday��
#42
Carine(Sonntag, 13 März 2022)
Happy Birthday Papp! �
#41
Edith(Sonntag, 13 März 2022 05:59)
Happy birthday bridderchen wou emmers du och bass. Mir vermessen dech❤❤❤���
#40
Pat(Donnerstag, 23 Dezember 2021 08:52)
1 Joer ouni dech
Et kennt engem laang fir an awa reicht wei wann et geschter gewiercht wier.
Dest Joer as souvill geschidd, mir hun villes erliewt.
Gudd an manner gudd Sachen.
Mee eent as secher Papa, mir halen als Famill zesummen. Sou hues du eis et beibruecht.
Ech vermessen dech.
#39
Irène(Donnerstag, 23 Dezember 2021 02:16)
Ee lang an traureg Joer ass vergangen säit's du duerch Corona vun eis gerappt gi bass. D'Zäit vergeet mee d'Erënnerung bleiwt a Corona och, leider. A mengen Haerz wärt's du ëmmer bleiwen.
#38
Edith(Dienstag, 16 März 2021 12:56)
Edmond wënschen der hei och nach nodrëglech Happy birthday hun awer en Samsdeg un dëch geduecht an heiheem eng Käerz ugefang.Vermëssen dech❤
#37
Patricia(Samstag, 13 März 2021 13:22)
Happy Birthday Papa
#36
Shayenne(Samstag, 13 März 2021 07:53)
mir wenschen dir alles guddes fier dain Gebuertsdaag Papp
och wanns du net gearen gefeiert hues,feiers du elo vielleicht gudd do uewen mat denen aaneren���
#35
Romaine(Samstag, 13 März 2021 06:49)
Happy birthday Ed❤ denken un dech�
#34
Sandy(Samstag, 13 März 2021 02:21)
Alles Guddes vir den Gebuertsdag Papp �
#33
Pomjeen vun Giischt(Donnerstag, 14 Januar 2021 10:48)
Mam Ed verleiren mir en jovialen Mensch an en gudden Kolleg den emmer do war wann bei den Giischter Pomjeen eppes lass war.
Op den Ed war emmer Veloos an hien huet eis Finanzen während lange Joeren souverän verwalt. Ob als Kolleg oder als Comitesmember vun eisem Verein,mir konnten emmer op den Ed zielen,waat mir an
Zukunft vermessen wäerten.
Merci Ed fir alles was du fir d'Giischter Pomjeen während all denen Joeren gemach hues,
Dem Silvia an der Famille eist oprichtegt Baileed.
#32
Monique an Jan(Dienstag, 12 Januar 2021 13:16)
Den Edmond huet eis fir emmer verloos.
Mir drecken dem Silvia, den Kanner an och dem Edmond sengen Geschwester esou wé all den âneren Familjenmemberen an dénen, dé him no gestanen hun, eis haerzlechst an e'erelech Bailéd aus.
Hien war é grou'ßen Kämpfer, dén, trotz senger Krankhét, eng positiv Liewensanstellung behalen huet. Hien ass se'in égenen Wé gangen an daat matt ganz vill Iwerliewensenergie. Der rieseger
Verantwortung, dé hien, zesummen mam Silvia iwerholl haat, huet hien sech emmer gestallt. Mir brengen dem Edmond als Persoun groußen Respekt entgént.
Dir hutt én wertvollen Mensch verluer. Mir fillen matt Iech an sin an Gedanken bei Iech.
Den Edmond behâlen mir an allerbeschter Erennerung.
Äddi Edmond!
Monique an Jan
#31
Jacquel an Jean-Paul Hoffmann-Kuffer(Sonntag, 10 Januar 2021 04:24)
Tschau Ed,
Mir wärten dech an Erënnerung behaalen esou wie's du wars: einfach fein an matt engem groussen Härz.
Der Famill iis härzlech Beilėed.
#30
Shayenne!(Samstag, 09 Januar 2021 15:24)
PAPA
Merci Papa fier den Wee deens du mat ons gaangen bass,Merci Papa fier deng Hand dei emmer Helefsbereed war,Merci fier deng Secherheet dei's du eis gin hues
Mir haaten nach esou vill Pläng am lierwen eis nei Wunneng,eis nei Miwwelen dei's du onbedenkt wolls
Merci Papa fier deng ganz Léiwt an Kraaft deis du eis ginn hues,egal wei schlecht et dir gaangen ass hues du gekämpft dass et eis all gudd geet.
Et ass net einfach mat 16 Joer schon's ze wessen dass een bis d'Enn vum lierwen ouni Papp opwuesse muss.
Papa du hues emmer erem gekämpft wells du net wolls goen...an mir soen dir nachenkeier alleguee merci dass du fie eis sou staark wars
mir sin frouh mat dir❤️
#29
Trixi Ulivagnoli(Mittwoch, 06 Januar 2021 07:44)
M. Becker,
22 Joer hu mir eis elo kannt. Mir sinn e wierklech laangen Wee zesummen gaangen, deen ech als immens flott, interessant a beräicherend an Erënnerung wäert behalen. Ech hunn Iech ëmmer immens als
Mënsch a fir Är Oppenheet, Ären Engagement an Är Éierlechkeet geschätzt. A fir dat alles soen ech, awer och de ganzen Service, Iech vu ganzem Häerzen Merci. Mir wäerten Iech vermëssen.
Trixi Ulivagnoli
#28
Lydie an Hans Blommers-Biren(Samstag, 02 Januar 2021 04:18)
Eist härzlechst Bäileed un d'Famill an alleguerten, die den Edmond vill gär haten.
Aus den leiwen Wierder spiert een, wivill hien den Leit an sengem Ëmfeld bedeit huet, an hien fir ëmmer wärt bleiwen bedeiten. Hien huet eisen déifsten Respekt, an duerfir éieren mir säin leschten
Wonsch.
Léift, dat as wat bleift, an ëmmer wärt bleiwen!
#27
Patricia(Donnerstag, 31 Dezember 2020 15:04)
Papa,
2020 huet mir een ganz wichtegen Mensch an mengem Liewen geschenkt.
2020 huet mir awa och een ganz wichtegen Mensch an mengem Liewen gehol.
Freed a Leed leien oft ganz no beieneen.
Sou oft hun mir iwwer desen Moment geschwat an probeiert eis dorop virzebereeden.
Mee wei soll een sech op eppes virbereeden, wat engem sou weih deet an engem seng Welt zum stoen brengt.
Sait 23 Joer kann ech dech main Papp nennen. Wann ech dech beschreiwen misst, geif ech soen : Harte Schale, weicher Kern! Du hues engem villaicht net all Dag gesot a gewissen, dass du frou mat engem
bass, mee duerch dain Handlen woussten mir et.
Du hues alles gemaach fir dass et eis un naicht feelt. Virun 3 Wochen ( do wars du schon am Spidol ) hues du eis Schutzporteclés fir an den Auto kaf. Souguer an Momenter wou et dir net gudd gaang as,
hues du no eiser Secherheet gekukt.
Lescht Woch hun ech mengem Jong, dengem Enkel, missen soen, dass de Bopa lo tescht de Staeren am Himmel wunnt an vun do uewen oppasst. Ech maachen main Bescht, fir dass du am Liewen vum Max eng
präsent Roll waerts spillen.
Ech kann deng Plaz net ersetzen, mee ech verspriechen dir, dass d Mamm an d Shayenne net alleng sin an mir emmer fir si do sin. Sou weis du emmer fir eis do wars.
Ech hun dech gaer Papa
Pat
#26
Anna(Donnerstag, 31 Dezember 2020 07:36)
Léiwen Monni Ed,
Als Kand hat ech groussen Respekt virun dir, mee wéi mäi Papp sou treffend sot, konnt däin heinsto schaarfen Toun däin gutt Häerz net verstoppen. Ech wousst dass ech emmer op dech zielen kéint, an
alleng wells du en Deel vun menger Mamm an Bomi wars, wars an bleifs du och automatesch en Deel vu mir.
Ech wéilt du kéins déi waarm Wierder liesen déi d’Leit dir hei schreiwen, mee op der anerer Säit weess ech dass se trotzdem iergendwei bäi dir ukommen, an dass du dat alles och ouni grouss Wierder
wousst wous du nach bäi eis wars.
Merci dass du eis geschter kuerz sou wonnerschéint Wieder geschenkt hues. Rou an Fridden mat der Bomi an dem Bopa op eiser schéiner Giischterklaus ❤
#25
Nadine Brinck-Schmit(Donnerstag, 31 Dezember 2020 04:46)
Léiwen Edmond,
Ech kann net a Wierder faassen, wéi traureg ech sinn. Du waars wierklech e gudde Mënsch.
Als Kand zu Giischt, war ech oft bei dir/iech am Haus. Spéider koum ech mam Robi op Giischt bei "d'Mamm" op Besuch, an et war e "must" der Tata Francy riwwer Moien soen ze goen. Ëmmer wa
mir eis begéint hunn, huet däin Laachen oder Stralen ausgedréckt wéi frou's du waars eis ze gesinn.
Wéi mir eis vir lescht gesinn hunn, goung et dir net sou gutt, an awer hu mir laang gepotert, an och zesumme gelaacht.
Vergiessen dech net.
Drécken dem Silvia, dem Carine, an denger ganzer Famill mäin déifsten Matgefill mat.
Maach et gutt.
Nadine
#24
Thierry(Mittwoch, 30 Dezember 2020 12:39)
Leiwen Ed ech hun nie mei sou e gudden a loyalen Arbechtskolleg a Chef wei dech kenne geleiert . Leider hu mir eis an der Lêcht net mei gesinn mee du waerts mir emmer an Erennerung bleiwen als e ganz
gudde Frend.Mir gesinn eis .
#23
Norbert(Mittwoch, 30 Dezember 2020 03:25)
Leift Bruderherz.Wars emmer en Anker an Stütz bei allen Fuderungen.Hellef fir Dech war mir leider emmer ennersot.En trouescht D Leiden huet en Enn.Waerd dech eweg messen.Roue a Fridden.
#22
Christiane, Paul a Marthy-Anne Becker(Mittwoch, 30 Dezember 2020 02:40)
„Das schönste aber hier auf Erden ist lieben und geliebt zu werden“ (Wilhelm Busch)
Léiwen Edmond,
Mir sinn zu Giischt grouss ginn, zesummen an zwee Haiser, wei an enger grousser Famill. Eis Pappe ware Bridder, eis Mammen, liewenslaang Frëndinnen. Eis Elteren hunn eis virgelieft wat d’Schätz an
d’Erausfuerderunge vum Zesummenhalt an der Famill sinn.
Am Erwuessenenliewen hu mir eis nëmme sporadesch begéint. Mee mir dräi sinn eis eens, dass d’Silvia an dech begéinen ëmmer eng Freed war. Edmond, du hues dech op een agelooss an d’Kraaft déi vun iech
zwee ausgaangen ass war beandrockend.
Wéi dir d’Liewe mat all de Schwieregkeeten a Schicksalsschléi gemeeschtert hutt a wat dir fir är direkt an erweidert Famill geleescht hutt ass bewonnernswäert.
Edmond, mir traueren ëm dech, e léiwen authentesche Mënsch a mir drécken denge Léiwsten eis häerzlechst Bäileed aus,
Christiane, Paul a Marthy-Anne
#21
Chris(Dienstag, 29 Dezember 2020 11:57)
Et deet mier sou leed dass ech net mie zeit verbruecht hun mam edmond heen wuar en imens guden an een liewensfrouen mensch lo wou bei mir alles gudd geet an him mat stolz wollt weisen as een aus
mengem liewen gerappt gin ech hätt em nach villes weilten soen
Pap ech hun dech gaeren❤ an vermessen dech genau wei all die aner och ech hoffen dir geet et lo besser do wou de bas
#20
Markus Gross(Dienstag, 29 Dezember 2020)
Herzliches Beileid an die ganze Familie.
Ich habe Ed als Arbeitskollegen kennen und schätzen gelernt. Wenn es einen gegeben hat, dem es auch 5 Minuten vor Feirerabend nicht zu viel war nochmal mit anzupacken, dann war es Edmond! Immer da,
immer hilfsbereit, so kannte ich Dich. Deine ehrliche, direkte und doch herzliche Art sowie Deine stets gute Laune werde ich nicht vergessen. Mach es gut Ed !
Markus
#19
Irène(Dienstag, 29 Dezember 2020 05:51)
Léiwen Ed,
Ech wëll dir op dëser Plaatz e puer Wierder schreiwen. Et ass beréierend ze liesen, wéivill Léift an Dankbarkeet,wéivill Respekt a Bewonnerung dir fir däi Courage,
deng Liewensfreed, deng Hëllefsbereetschaft, deng Frëndschaft an däin Engagement fir d'ganz Famill entgéint bruecht gëtt. Ech schléisse mech do gären un.
Et war schwéier dech déi lescht Joeren sou leiden ze gesinn. Vill ze fréi bass de vun eis weggerappt ginn. Du wäerts eis iwwerall feelen.
Deng Schwëster Irène
#18
Serge Breyer(Montag, 28 Dezember 2020 15:55)
Léiwt Carine
Mir hun däi Papp net kannt, mee op Grond vun de villen Fotoën hei um Site muss et sech em e wierklech léiwen, gudden a liewensfrouhë Mensch gehandelt hun, dee leider vill ze vill fréih vun dir gangen
as...
Nach eng Kéier ons déiwste Matgefill.
Maria & Serge
#17
Danielle Weis & Kanner(Montag, 28 Dezember 2020 15:45)
Nach eemol mein härzlechst Beileed un di ganz Famill.
Danielle, Mia & Rick
#16
Olivier Weisgerber(Montag, 28 Dezember 2020 13:52)
Wenn die Sonne des Lebens untergeht, leuchten die Sterne der Erinnerung.
#15
Albert Morette(Montag, 28 Dezember 2020 12:32)
Ed, ech kann et net gleewen, awer dach sinn ech frou das du net mei leiden muss.
Mir hun vill schein Laenner bereest an vill zesumme geschafft.
Ob daat Italien,Schweden oder soss anzwouch wars et war emmer schein mat dir zesummen ze schaffen.
Dei lecht joeren hu mer eng zesumme geschafft an vill Huerde gemeechtert och wa mer owes kee Feierowend kruten.
Du hues dech emmer em mein Wuelbefannen gesuergt wei ech Krank war.
Ed, lo soen ech dir en lechten, „Salut bis dann“
Denger famill mein deifstent Baeileed
#14
Patrick Halsdorf(Montag, 28 Dezember 2020 11:21)
Méi Bäileed un Famill den Ed war een gudden Kolleg vir mech,wann ech hien gebraucht hunn vir eppes, war hien do. Awer elo no esou laanger Krankhëet ass hien an enger besserer Welt�
#13
Drees Walter,Irrel, (Taxifahrer)(Montag, 28 Dezember 2020 11:13)
Lieber Edmond mach’s gut auf Deinem letzten Weg !!!
Deiner Familie mein Herzliches Beileid !
#12
Pierre Biren(Montag, 28 Dezember 2020 10:31)
Eigentlech verwonnert et mech wéi mir dem Edmond säin Doud sou no geet. Sou vill hate mir am Fong ni mateneen ze din. Di engs ëm di aner kéier hu mir bei hinnen erageluusst, wa mer bei der Bomi op
Besuch waren. Da gouf iwwer dëst an dat geschwaat an dax war ech beandrockt vum Edmond séngem techneschen an handwierklechem Versteesdemech. Awer och an haaptsächlech huet mech den onbedéngten
Wëllen, an allen Ëmstänn zum Trotz, den Job als Fleegpapp duerchzezéihen. Dofir konnt et nëmmen eng Erklärung ginn: dat war wuel keen Job, mee een Engagement ouni Noutausgang, sou wi dat an enger
Famill de Fall ass.
Säin muenchmol rauen Toun konnt et net verstoppen: säin grousst Häerz.
Gléchlech konnt sech schätzen, wen do en Eckelchen font hat.
Äddi Edmond
#11
Mireille(Montag, 28 Dezember 2020 10:08)
Leiwen Edmond,
Heimat soen Ech Dir mat schwéierem Haerzen Addi.
Ech denken un meng womnerschéin Zaiten bei der Bomi an den Schoulvakanzen zreck, wann daat Diddelenger Meedchen op Giischt komm as, dann haat ech mat Iech all Romaine baal mein Alter, Edomond, Edith
an Irene an hier Familljen wonnerschéin Zaiten.
Sonndesmettes beim Iessen bei dem Bopi an Bomi och gouf mol gestridden awer och gelaach. An du Ed wars emmer deen vill opgereegten Gespréicher berouegt huet.
Main Papp deen herno erem ganz zu Giischt gewunnt huet, bei Dir als Noper an der Bomi waat mir immens gefall huet hun, ech dech jo och dann oft gesin.
Dofir deet mir daat Deck datt mir eis dei lescht Joeren net méi vill gesin hun.
Vun do wou meng bëschten Bomi gestuerwen as, deng gudd Mamm as bei mir eng Welt zesummengebrach. Mat hier hun ech iwert alles geschwaat. Duerch d’Bomi dei mech emmer informéiert huet wei et mat der
ganzer Famill Becker geet, war ech berouegt.
Dun kuerz no hierem Doud sidd Dir all fort geplënnert vun Giischt, main Papp mam Andrée, an Du mam Sylvia. Vun do un sin eis Wéer auseneen gangen. Mais duerch dei sozial Netzwierker sin ech erem
mengen Cousine Carine, dengem Meedchen mat deem ech och vill schéin Momenter an menger Kandheet haat, mei no komm.
Du wars e beschéidenen an en hëllefsbreeden Mensch. Deen emmer fir aner Léit do war. Vill Gelaach huet, an Liewensfreed haat.
Addi Edmond ech wärt Dech nie vergiessen deng Niess Mireille
#10
Vanessa Maquet & Gilbert Kohl(Montag, 28 Dezember 2020 08:38)
Mir drecken eist härzlechst Bäileed aus an wënschen der Famill vill Courage.
A Gedanken sinn mir bei ierch.
#9
Brepsom-Lamesch Nadia an Jim(Montag, 28 Dezember 2020 06:42)
En gudde Mann huet eis verloss
Eise Respekt an eis Sympathie sollen e klengen Trouscht an Ärem grousse Leed sin.
Eist härzlechst Bäileed !
#8
Sylvie(Montag, 28 Dezember 2020 05:50)
Léiwen Papp,
Et ass komesch wei een sech sou laang op deen Moment konnt virbereeden an een et awer nach ëmmer net sou richteg gleewen kann.
Däin Wëllen fir d’Liewen ze kämpfen faszinéiert ons alleguer an ass eng vun deene Saachen wou ech am meeschten un dir bewonneren.
Ech erënneren mech ganz gutt dorun weis de ëmmer zu mer soss “Wat bass du en Ongléckskand” wann ech alt nees eng kéier mat enger Wonn heem komm sinn an dir mech hutt missen verpléischteren. Du hues
ëmmer driwwer gegeckst wei ech d’Ongléck unzéien, mee wann een d’Bild vun wäitem kuckt, gesäit een dass du dat eenzegt Gléck waars, wat ech am liewen gebrauch hunn.
Dech mäin Papp kennen ze nennen ass eng grouss Éier an kennt vun déifstem Häerzen!
Du wäerts fir ëmmer an onsen Häerzer bleiwen! Mir vermessen dech an hun dech ganz vill gär!
Sylvie
#7
Edith(Sonntag, 27 Dezember 2020 15:21)
Léiwen Ed,
ech fannen ëmmer nach këng Wierder, dass du lo no 8 Joer langem hardem Kampf hues missen un Covid 19 stierwen, ouni deen s du et bestëmmt nach eng Zait lang gepsackt haes.
Wéi eem Mensch du wars ass jo hei schon richteg an schéin beschriwen gin.
Ech wëll dir awer nach villmols Merci soen fir alles wat's du fir mech gemach hues.
Ech konnt dech ëmmer fir alles froen an egal wat et war du hues mir gehollëf.
Ech waerd dech vermëssen an ëmmer an mengem Häerz behaalen.
Äddi Ed du wars en gudden Bruder
#6
Sandy(Sonntag, 27 Dezember 2020 14:16)
Léiwe Papp,
2020 - Ee Joër voll Emotiounen geet op en Enn!
Freed - Trauer - Erliichterung
Freed iwwert Gebuert vun dengen Enkelkanner Max a Phileas.
Trauer iwwert däin Doud.
Erliichterung ze wëssen dats du ett gepaackt hues an keen Weih mei hues.
Dei leescht Joren waren net einfach.
Ett gouf vill Up and Downs.
Du hues vill matgemaach an Schicksal hued ett net ëmmer gudd mat dir gemengt.
Mee däin staarkt Haerz, däin Liewenswëllen an däin Optimismus hun deng Krankheet emmer rem an den Hannergrond gestallt.
Du wars een tapferen Kämpfer deen nie opgin hued.
Dat ausgerechnet ee Virus dech Liewen kaascht, domad hätt keen vun eis gerechent.
Mir hun esou gudd opgepasst, eisen Ofstand gehaalen an eis vun dir eweg gehaalen.
An awer hues du dech mam Covid-19 Virus infizeiert.
Ett ass schweier ze verstoen firwat an wei dat meiglech war.
Mee nach vill mei schweier ass ett ze verstoen dats du net mei do bass.
Papa, mir waerten dech als immens staarken Mann an Erennerung behaalen deen alles vir seng Kanner gemaach hued.
Merci Papp dats du eis eng Famille gin hues an vir eis do wars.
Ech hun dech gaer!
Sandy
#5
Romaine Becker(Sonntag, 27 Dezember 2020 12:58)
Léiwen Ed
Ech iwwerleeën elo schon e puer Deeg ob a wat ech dir hei schreiwe soll fir Äddi ze soen. Léiwer hätt ech jo nach d’Geleegenheet kritt fir perséinlech mat dir ze schwätzen mee et sollt alles anescht
kommen…Mir Beckere si jo och net grad d’Famill vun de ville Wierder an et fällt eis och net ëmmer liicht iwwer eis Gefiller vireneen ze schwätzen. Dat war jo vläicht dann dat eenzegt „Gutt“ un denger
Krankheet…. mir sinn eis all e wéineg méi no komm a mir 2 hate wärend dem engen oder anere Besuch am Spidol, e puer schéi Gespréicher.
Du hues jo oft mat dengem Schicksal gehadert a wars och rosen dass et dech sou haard getraff huet, mee trotzdeem hues du et ugeholl an ouni zevill ze kloen, alles matgemaach an iwwer dech ergoe
gelooss wat d’Dokteren der proposéiert hunn. An trotz schlechter Prognosen, hues du et sou jo och 8 Joer gepackt ze kämpfen. Du hues eis all méi wéi eemol iwwerrascht a beandrockt mat dengem
Liewenswëllen. Och fir d’Dokteren wars du e medizinescht „Phänomen“ a wee wees, vläit kënne si duerch dech lo anere Leit nach besser hēllefen.
Dass lo grad dee Covid 19 - Virus dengem Liewen en abrupt Ënn gesat huet, dat ass immens traureg . ..
Wärend der ganzer Zäit wars du awer och nach fir deng Famill a Frënn do an hues dech nach gär em alles Wichteges selwer gekëmmert.
Du hues eis also all eppes geléiert, ënner anerem dass een net soll opginn an sougutt et geet weidermaachen!
Sou hues du bei ville Leit , ob et Famill , Frënn, Bekannten oder Dokteren sinn, ganz sécher Spueren hannerlooss a mir wäerten dech all a gudder Erënnerung behalen.
Och ech war frou mat dir an houfreg dech als " grousse" Brudder ze hunn. Du hues ëmmer eng Plaz a mengem Häerz, sou wéi eis Elteren.
Maach et gutt do wous de bass.
Mir gesinn eis;)
Hdl.
Rom.
#4
Carine(Sonntag, 27 Dezember 2020 06:07)
Léiwe Papp,
Iergendwéi kann ech nach ëmmer net gleewen, dass du net méi do bass. Mir wosste jo, dass du net éiweg liewen géifs mee dass mer sou schnell mussen Äddi soen, hätt keen erwaart. Wéis du mer
geschriwwen hues, du häss schlecht Nouvellen, du wiers positiv op Corona getest ginn mee du häss just e bëssen Houscht a Schnapp, hunn ech mer nach keng Gedanken gemaach, dass du dat net iwwerstoe
géifs. An ech mengen, ech war net dat eenzegt, wat zimmlech optimistesch war. Ech hunn all Dag gefrot, wéi et der geet an wéi no bal enger Woch nach ëmmer keng schlëmm Symptomer ze spieren waren,
duecht ech, du géifs wei sou oft, geschwënn nees aus dem Spidol entlos ginn.
No deene 5 Deeg, ass et du e bemol ganz séier gaangen. Freides soss de et wär alles ok, an Samschdes huet d‘Silvia mer matgedeelt, du häss eng ganz schlëmm Nuecht gehat. Sonndes hues du dech nach
emol gemëllt an geschriwwen et wär der vill besser mee dat war net vu langer Dauer...Méindes moies, den 21.12.2020 hunn ech dech fir d‘lescht gesinn...du waars schlecht drun, dat huet mer d‘Häerz
gebrach, dech sou leidend ze gesinn. Du waars immens onroueg, an weis de mech gesin hues, an engem kurzen Moment, wousst de bei Bewosstsinn waars ,waars de ganz iwwerrascht, an hues gefrot, wat ech
dann do géif maachen. Ech hunn dir gesot, mit wären geruff gi, well‘s du schlecht dru wärs, an an dengem onerschütterlechen Optimismus hues de gesot: Ah sou? Dovu wees ech awer näischt...
Kuerz dono hues de Morphium kritt, deen huet dech berouegt an du hues opgehale, ze struewelen an onroueg ze si, an waars net méi uspiechbar...e Mëttwoch de 23.12.2020 bass du dunn fir ëmmer
ageschlof....
Ëch si frou a dankbar, dëch als mäi Papp gehat ze hun. Di lescht 8 Joer, hues du vill gelidden an eng schlecht Nouvelle no där anerer missen verdauen, eng Behandlung no där anerer iwwer dech ergoen
loossen, an trotzdem wars du ëmmer voller Zouversiicht an hues eis nach berouegt a getréischt. Du bass dem Doud sou oft vu der Schëpp gesprong, hues dëch ëmmer nees erkritt, och wanns de ëmmer méi
Kraft an Energie verluer hues, wolls du einfach nëmme liewen...
Du wäers fir mech e Virbild bleiwen, dass egal wat geschitt, een ni soll opgonn, een ni soll d‘Hoffnung verléiere, well irgendwéi geet et awer ëmmer weider...
Mir gesinn eis Papp! Maach et gutt! Ech hunn dech gäer!
Däi Meedchen,
Carine
#3
Edmond + Monique Biren-Kettel(Samstag, 26 Dezember 2020 11:39)
Mir drecken iech all eist allerdeifstent Matgefill aus .
Des Annonce ass wonnerschéin gemach .
Et spirt een wei gären dass dir all den Edmond haat
#2
Shayenne(Samstag, 26 Dezember 2020 07:51)
Papa mir vermessen dech. Deng Fra deng Kanner an den ganze recht vun da famill!❤️
Irène (Donnerstag, 13 März 2025 17:38)
Léiwen Ed haut wärs de 70 ginn denken besonnesch un dech❤
Romaine (Mittwoch, 13 März 2024 13:23)
Léiwen Ed
Wéi d'Irène denken och ech haut ganz besonnesch un dech an hoffen dass d'Edith lo och op enger besserer Plaz ass ...vläit jo suguer bei dir an eisen Elteren ...
Är kleng Schwëster❤️
Irene (Mittwoch, 13 März 2024 03:57)
Léiwen Ed haut op déngem Gebuertsdag denken ech besonnesch un dech. Mat grousser Trauregkeet denken ech och un d'Edith, hat huet huet eis bal genau 3 Méint no déngem drëtten Doudesdag fir ëmmer verloss.
Är Schwëster��
Edith (Donnerstag, 28 Dezember 2023 21:03)
Léiwen Ed dënken oft un dëch an vermessen dech!
Carine Becker (Samstag, 23 Dezember 2023 09:09)
Léiwe Papp, 3 Joër ass et schon hier, dass du net méi bei eis bass. Vermessen dech an denken haut ganz besonnesch un dech! Decke Kuss
Edith (Montag, 13 März 2023 19:37)
Happy birthday Bridderchen hun dëch net vergiess hat main handy gëschter net�
Romaine (Montag, 13 März 2023 12:00)
Happy Birthday , léiwen Ed❤️denken un dech!
Carine (Montag, 13 März 2023 05:02)
Happy Birthday Papp! ♥️♥️
Irène (Montag, 13 März 2023 02:18)
Léiwen Ed, haut op déngem Gebuertsdag denken ech extra un dech�❤�
Harald (Sonntag, 12 März 2023 05:31)
Alles Gute zum Geburtstag Ed
Irene (Freitag, 23 Dezember 2022 11:42)
Léiwen Ed , denken haut op déngem Doudesdag besonnesch un dech, vermëssen dech
Albert Morette (Freitag, 23 Dezember 2022 02:12)
Scon 2 Joer Ed, zaeit vergeet an erennerungen un dech bleiwen sou wei wann et gechter waer.
Denken oft un dech.
�
Carine (Freitag, 23 Dezember 2022 01:33)
Léiwe Papp,
Haut sin et schon 2 Joer dass du op daer aanerer Säit bass…ech denken oft un dech an vermessen dech mee ech wees och, dass du do bass, an op mech oppass, egal waat geschitt. Wahrscheinlech freet et dech och ze wessen, dass ech elo schon iwwer e Joer de Führerschein hun an ee gudden, klengen Auto. An bestemmt hues de och mattkritt, dass ech nees matt Reiden ugefaang hun an mer en Paerd kaaf hun, de Colban.
Ech kann mech gudd erenneren, weivill Aarbecht du an de Bopa matt de Paerd haaten wei ech nach kleng war mee du an d’Mam hun mer dee Wonsch awer erfellt. Ech wees nach wei mer Hee maachen gefuer sin mam aalen Trekker, wei mer Droot ronderem d’Wisen gespaant hun an zesummen de Stall gemescht…ech kann mech och gudd erenneren, weiss de dech iwwert d’Maisy opgereegt hues well et dauernd fortgelaaf ass an dech eng Keier gerannt haat…Haut, wann ech bei mein Colban fueren, ass daat en Throwback an meng schéin an onbeschweiert Kandheet am idylleschen Giischt. Och wanns du kee Mann vu groussen Wieder oder emotionalen Ausbrëch wars, wees ech, dass du daat alles aus Léift fir mech gemaach hues an dofir soen ech dir Merci! Mir haaten eng schéin Zäit zesummen als Famill, déi jo leider en Ooflaafdatum haat, mee wann ech drop zréck kucken, sin ech frou an dankbar, sou en schéint Liewen gefouert ze hun.
Ech vermessen dech an schécken dir ganz vill Léift dohin, wouss de elo bass. Maach et gudd Papp , mir gesin eis!
Dein Meedchen,
Carine
Edith (Donnerstag, 22 Dezember 2022 22:18)
Den 23.12.2022
Edith (Donnerstag, 22 Dezember 2022 22:14)
Léiwen Ed haut virun 2 Joer hues du eis fir ëmmer verloss an mëngem Härz wärds du ëmmer bleiwen.
Sandy (Sonntag, 13 März 2022 14:41)
Alles Guddes Papp �
Irène (Sonntag, 13 März 2022 13:14)
Léiwen Ed haut op déngem Gebuertsdag wënschen ech dir nëmmen dat Bescht , du bass zwar fort awer a mengem Härz bass de do.
Harald (Sonntag, 13 März 2022 08:01)
Alles Gute Ed
Romaine (Sonntag, 13 März 2022 07:29)
Haut denke mir besonnesch un dech, léiwen Ed❤ happy birthday��
Carine (Sonntag, 13 März 2022)
Happy Birthday Papp! �
Edith (Sonntag, 13 März 2022 05:59)
Happy birthday bridderchen wou emmers du och bass. Mir vermessen dech❤❤❤���
Pat (Donnerstag, 23 Dezember 2021 08:52)
1 Joer ouni dech
Et kennt engem laang fir an awa reicht wei wann et geschter gewiercht wier.
Dest Joer as souvill geschidd, mir hun villes erliewt.
Gudd an manner gudd Sachen.
Mee eent as secher Papa, mir halen als Famill zesummen. Sou hues du eis et beibruecht.
Ech vermessen dech.
Irène (Donnerstag, 23 Dezember 2021 02:16)
Ee lang an traureg Joer ass vergangen säit's du duerch Corona vun eis gerappt gi bass. D'Zäit vergeet mee d'Erënnerung bleiwt a Corona och, leider. A mengen Haerz wärt's du ëmmer bleiwen.
Edith (Dienstag, 16 März 2021 12:56)
Edmond wënschen der hei och nach nodrëglech Happy birthday hun awer en Samsdeg un dëch geduecht an heiheem eng Käerz ugefang.Vermëssen dech❤
Patricia (Samstag, 13 März 2021 13:22)
Happy Birthday Papa
Shayenne (Samstag, 13 März 2021 07:53)
mir wenschen dir alles guddes fier dain Gebuertsdaag Papp
och wanns du net gearen gefeiert hues,feiers du elo vielleicht gudd do uewen mat denen aaneren���
Romaine (Samstag, 13 März 2021 06:49)
Happy birthday Ed❤ denken un dech�
Sandy (Samstag, 13 März 2021 02:21)
Alles Guddes vir den Gebuertsdag Papp �
Pomjeen vun Giischt (Donnerstag, 14 Januar 2021 10:48)
Mam Ed verleiren mir en jovialen Mensch an en gudden Kolleg den emmer do war wann bei den Giischter Pomjeen eppes lass war.
Op den Ed war emmer Veloos an hien huet eis Finanzen während lange Joeren souverän verwalt. Ob als Kolleg oder als Comitesmember vun eisem Verein,mir konnten emmer op den Ed zielen,waat mir an Zukunft vermessen wäerten.
Merci Ed fir alles was du fir d'Giischter Pomjeen während all denen Joeren gemach hues,
Dem Silvia an der Famille eist oprichtegt Baileed.
Monique an Jan (Dienstag, 12 Januar 2021 13:16)
Den Edmond huet eis fir emmer verloos.
Mir drecken dem Silvia, den Kanner an och dem Edmond sengen Geschwester esou wé all den âneren Familjenmemberen an dénen, dé him no gestanen hun, eis haerzlechst an e'erelech Bailéd aus.
Hien war é grou'ßen Kämpfer, dén, trotz senger Krankhét, eng positiv Liewensanstellung behalen huet. Hien ass se'in égenen Wé gangen an daat matt ganz vill Iwerliewensenergie. Der rieseger Verantwortung, dé hien, zesummen mam Silvia iwerholl haat, huet hien sech emmer gestallt. Mir brengen dem Edmond als Persoun groußen Respekt entgént.
Dir hutt én wertvollen Mensch verluer. Mir fillen matt Iech an sin an Gedanken bei Iech.
Den Edmond behâlen mir an allerbeschter Erennerung.
Äddi Edmond!
Monique an Jan
Jacquel an Jean-Paul Hoffmann-Kuffer (Sonntag, 10 Januar 2021 04:24)
Tschau Ed,
Mir wärten dech an Erënnerung behaalen esou wie's du wars: einfach fein an matt engem groussen Härz.
Der Famill iis härzlech Beilėed.
Shayenne! (Samstag, 09 Januar 2021 15:24)
PAPA
Merci Papa fier den Wee deens du mat ons gaangen bass,Merci Papa fier deng Hand dei emmer Helefsbereed war,Merci fier deng Secherheet dei's du eis gin hues
Mir haaten nach esou vill Pläng am lierwen eis nei Wunneng,eis nei Miwwelen dei's du onbedenkt wolls
Merci Papa fier deng ganz Léiwt an Kraaft deis du eis ginn hues,egal wei schlecht et dir gaangen ass hues du gekämpft dass et eis all gudd geet.
Et ass net einfach mat 16 Joer schon's ze wessen dass een bis d'Enn vum lierwen ouni Papp opwuesse muss.
Papa du hues emmer erem gekämpft wells du net wolls goen...an mir soen dir nachenkeier alleguee merci dass du fie eis sou staark wars
mir sin frouh mat dir❤️
Trixi Ulivagnoli (Mittwoch, 06 Januar 2021 07:44)
M. Becker,
22 Joer hu mir eis elo kannt. Mir sinn e wierklech laangen Wee zesummen gaangen, deen ech als immens flott, interessant a beräicherend an Erënnerung wäert behalen. Ech hunn Iech ëmmer immens als Mënsch a fir Är Oppenheet, Ären Engagement an Är Éierlechkeet geschätzt. A fir dat alles soen ech, awer och de ganzen Service, Iech vu ganzem Häerzen Merci. Mir wäerten Iech vermëssen.
Trixi Ulivagnoli
Lydie an Hans Blommers-Biren (Samstag, 02 Januar 2021 04:18)
Eist härzlechst Bäileed un d'Famill an alleguerten, die den Edmond vill gär haten.
Aus den leiwen Wierder spiert een, wivill hien den Leit an sengem Ëmfeld bedeit huet, an hien fir ëmmer wärt bleiwen bedeiten. Hien huet eisen déifsten Respekt, an duerfir éieren mir säin leschten Wonsch.
Léift, dat as wat bleift, an ëmmer wärt bleiwen!
Patricia (Donnerstag, 31 Dezember 2020 15:04)
Papa,
2020 huet mir een ganz wichtegen Mensch an mengem Liewen geschenkt.
2020 huet mir awa och een ganz wichtegen Mensch an mengem Liewen gehol.
Freed a Leed leien oft ganz no beieneen.
Sou oft hun mir iwwer desen Moment geschwat an probeiert eis dorop virzebereeden.
Mee wei soll een sech op eppes virbereeden, wat engem sou weih deet an engem seng Welt zum stoen brengt.
Sait 23 Joer kann ech dech main Papp nennen. Wann ech dech beschreiwen misst, geif ech soen : Harte Schale, weicher Kern! Du hues engem villaicht net all Dag gesot a gewissen, dass du frou mat engem bass, mee duerch dain Handlen woussten mir et.
Du hues alles gemaach fir dass et eis un naicht feelt. Virun 3 Wochen ( do wars du schon am Spidol ) hues du eis Schutzporteclés fir an den Auto kaf. Souguer an Momenter wou et dir net gudd gaang as, hues du no eiser Secherheet gekukt.
Lescht Woch hun ech mengem Jong, dengem Enkel, missen soen, dass de Bopa lo tescht de Staeren am Himmel wunnt an vun do uewen oppasst. Ech maachen main Bescht, fir dass du am Liewen vum Max eng präsent Roll waerts spillen.
Ech kann deng Plaz net ersetzen, mee ech verspriechen dir, dass d Mamm an d Shayenne net alleng sin an mir emmer fir si do sin. Sou weis du emmer fir eis do wars.
Ech hun dech gaer Papa
Pat
Anna (Donnerstag, 31 Dezember 2020 07:36)
Léiwen Monni Ed,
Als Kand hat ech groussen Respekt virun dir, mee wéi mäi Papp sou treffend sot, konnt däin heinsto schaarfen Toun däin gutt Häerz net verstoppen. Ech wousst dass ech emmer op dech zielen kéint, an alleng wells du en Deel vun menger Mamm an Bomi wars, wars an bleifs du och automatesch en Deel vu mir.
Ech wéilt du kéins déi waarm Wierder liesen déi d’Leit dir hei schreiwen, mee op der anerer Säit weess ech dass se trotzdem iergendwei bäi dir ukommen, an dass du dat alles och ouni grouss Wierder wousst wous du nach bäi eis wars.
Merci dass du eis geschter kuerz sou wonnerschéint Wieder geschenkt hues. Rou an Fridden mat der Bomi an dem Bopa op eiser schéiner Giischterklaus ❤
Nadine Brinck-Schmit (Donnerstag, 31 Dezember 2020 04:46)
Léiwen Edmond,
Ech kann net a Wierder faassen, wéi traureg ech sinn. Du waars wierklech e gudde Mënsch.
Als Kand zu Giischt, war ech oft bei dir/iech am Haus. Spéider koum ech mam Robi op Giischt bei "d'Mamm" op Besuch, an et war e "must" der Tata Francy riwwer Moien soen ze goen. Ëmmer wa mir eis begéint hunn, huet däin Laachen oder Stralen ausgedréckt wéi frou's du waars eis ze gesinn.
Wéi mir eis vir lescht gesinn hunn, goung et dir net sou gutt, an awer hu mir laang gepotert, an och zesumme gelaacht.
Vergiessen dech net.
Drécken dem Silvia, dem Carine, an denger ganzer Famill mäin déifsten Matgefill mat.
Maach et gutt.
Nadine
Thierry (Mittwoch, 30 Dezember 2020 12:39)
Leiwen Ed ech hun nie mei sou e gudden a loyalen Arbechtskolleg a Chef wei dech kenne geleiert . Leider hu mir eis an der Lêcht net mei gesinn mee du waerts mir emmer an Erennerung bleiwen als e ganz gudde Frend.Mir gesinn eis .
Norbert (Mittwoch, 30 Dezember 2020 03:25)
Leift Bruderherz.Wars emmer en Anker an Stütz bei allen Fuderungen.Hellef fir Dech war mir leider emmer ennersot.En trouescht D Leiden huet en Enn.Waerd dech eweg messen.Roue a Fridden.
Christiane, Paul a Marthy-Anne Becker (Mittwoch, 30 Dezember 2020 02:40)
„Das schönste aber hier auf Erden ist lieben und geliebt zu werden“ (Wilhelm Busch)
Léiwen Edmond,
Mir sinn zu Giischt grouss ginn, zesummen an zwee Haiser, wei an enger grousser Famill. Eis Pappe ware Bridder, eis Mammen, liewenslaang Frëndinnen. Eis Elteren hunn eis virgelieft wat d’Schätz an d’Erausfuerderunge vum Zesummenhalt an der Famill sinn.
Am Erwuessenenliewen hu mir eis nëmme sporadesch begéint. Mee mir dräi sinn eis eens, dass d’Silvia an dech begéinen ëmmer eng Freed war. Edmond, du hues dech op een agelooss an d’Kraaft déi vun iech zwee ausgaangen ass war beandrockend.
Wéi dir d’Liewe mat all de Schwieregkeeten a Schicksalsschléi gemeeschtert hutt a wat dir fir är direkt an erweidert Famill geleescht hutt ass bewonnernswäert.
Edmond, mir traueren ëm dech, e léiwen authentesche Mënsch a mir drécken denge Léiwsten eis häerzlechst Bäileed aus,
Christiane, Paul a Marthy-Anne
Chris (Dienstag, 29 Dezember 2020 11:57)
Et deet mier sou leed dass ech net mie zeit verbruecht hun mam edmond heen wuar en imens guden an een liewensfrouen mensch lo wou bei mir alles gudd geet an him mat stolz wollt weisen as een aus mengem liewen gerappt gin ech hätt em nach villes weilten soen
Pap ech hun dech gaeren❤ an vermessen dech genau wei all die aner och ech hoffen dir geet et lo besser do wou de bas
Markus Gross (Dienstag, 29 Dezember 2020)
Herzliches Beileid an die ganze Familie.
Ich habe Ed als Arbeitskollegen kennen und schätzen gelernt. Wenn es einen gegeben hat, dem es auch 5 Minuten vor Feirerabend nicht zu viel war nochmal mit anzupacken, dann war es Edmond! Immer da, immer hilfsbereit, so kannte ich Dich. Deine ehrliche, direkte und doch herzliche Art sowie Deine stets gute Laune werde ich nicht vergessen. Mach es gut Ed !
Markus
Irène (Dienstag, 29 Dezember 2020 05:51)
Léiwen Ed,
Ech wëll dir op dëser Plaatz e puer Wierder schreiwen. Et ass beréierend ze liesen, wéivill Léift an Dankbarkeet,wéivill Respekt a Bewonnerung dir fir däi Courage,
deng Liewensfreed, deng Hëllefsbereetschaft, deng Frëndschaft an däin Engagement fir d'ganz Famill entgéint bruecht gëtt. Ech schléisse mech do gären un.
Et war schwéier dech déi lescht Joeren sou leiden ze gesinn. Vill ze fréi bass de vun eis weggerappt ginn. Du wäerts eis iwwerall feelen.
Deng Schwëster Irène
Serge Breyer (Montag, 28 Dezember 2020 15:55)
Léiwt Carine
Mir hun däi Papp net kannt, mee op Grond vun de villen Fotoën hei um Site muss et sech em e wierklech léiwen, gudden a liewensfrouhë Mensch gehandelt hun, dee leider vill ze vill fréih vun dir gangen as...
Nach eng Kéier ons déiwste Matgefill.
Maria & Serge
Danielle Weis & Kanner (Montag, 28 Dezember 2020 15:45)
Nach eemol mein härzlechst Beileed un di ganz Famill.
Danielle, Mia & Rick
Olivier Weisgerber (Montag, 28 Dezember 2020 13:52)
Wenn die Sonne des Lebens untergeht, leuchten die Sterne der Erinnerung.
Albert Morette (Montag, 28 Dezember 2020 12:32)
Ed, ech kann et net gleewen, awer dach sinn ech frou das du net mei leiden muss.
Mir hun vill schein Laenner bereest an vill zesumme geschafft.
Ob daat Italien,Schweden oder soss anzwouch wars et war emmer schein mat dir zesummen ze schaffen.
Dei lecht joeren hu mer eng zesumme geschafft an vill Huerde gemeechtert och wa mer owes kee Feierowend kruten.
Du hues dech emmer em mein Wuelbefannen gesuergt wei ech Krank war.
Ed, lo soen ech dir en lechten, „Salut bis dann“
Denger famill mein deifstent Baeileed
Patrick Halsdorf (Montag, 28 Dezember 2020 11:21)
Méi Bäileed un Famill den Ed war een gudden Kolleg vir mech,wann ech hien gebraucht hunn vir eppes, war hien do. Awer elo no esou laanger Krankhëet ass hien an enger besserer Welt�
Drees Walter,Irrel, (Taxifahrer) (Montag, 28 Dezember 2020 11:13)
Lieber Edmond mach’s gut auf Deinem letzten Weg !!!
Deiner Familie mein Herzliches Beileid !
Pierre Biren (Montag, 28 Dezember 2020 10:31)
Eigentlech verwonnert et mech wéi mir dem Edmond säin Doud sou no geet. Sou vill hate mir am Fong ni mateneen ze din. Di engs ëm di aner kéier hu mir bei hinnen erageluusst, wa mer bei der Bomi op Besuch waren. Da gouf iwwer dëst an dat geschwaat an dax war ech beandrockt vum Edmond séngem techneschen an handwierklechem Versteesdemech. Awer och an haaptsächlech huet mech den onbedéngten Wëllen, an allen Ëmstänn zum Trotz, den Job als Fleegpapp duerchzezéihen. Dofir konnt et nëmmen eng Erklärung ginn: dat war wuel keen Job, mee een Engagement ouni Noutausgang, sou wi dat an enger Famill de Fall ass.
Säin muenchmol rauen Toun konnt et net verstoppen: säin grousst Häerz.
Gléchlech konnt sech schätzen, wen do en Eckelchen font hat.
Äddi Edmond